een diploméierten Infirmier (m/w) (Réf.: Inf 10/2020) CDI - 40H

een diploméierten Infirmier (m/w) CDI - 40H

Ligue HMC a.s.b.l.

Mir begleeden an ënnerstëtze Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung an de Beräicher Formatioun, Aarbecht, Dagesbetreiung, Wunnen a Fräizäit.

Mir sichen fir eise Service “Santé”

en diploméierten Infirmier (m/w) (Réf.: Inf 10/2020)

CDI 40-Stonne-Woch
Schaffzäiten vu Méindes bis Freides, normal Büroszäiten

Är Missioun:

  • Begleedung vu Mënsche mat enger Behënnerung am Beräich vun der Gesondheet.
  • Gestioun vun de medizineschen Dossieren a vun den Traitementer.
  • Zesummenaarbecht mat den Equipen, de Famillen an den Dokteren.
  • Aarbecht an enger multidisziplinärer Equipe.

Äre Profil:

  • Loscht hunn, mat Mënschen ze schaffen, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn.
  • Kontaktfreedeg sinn an Equipegeescht hunn, autonom schaffen a Verantwortung iwwerhuele kënnen.
  • Zouverlässeg sinn a sech gutt organiséiere kënnen.
  • Lëtzebuergesch, däitsch a franséisch schwätzen a schreiwe kënnen.
  • Bereet sinn Permanence ze maachen
  • Informatesch Kenntnisser an e Führerschäin Klass B hunn.

Fir weider Informatiounen, mellt Iech um30 92 32-272
Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach. Am Fall vun enger Ustellung gëtt en Casier Judiciaire Bulletin N°4 gefrot.
D’Kandidaturen (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne bis spéitstens den 15.11.2020geschéckt ginn un:

Ligue HMC a.s.b.l.
Direction
B.P. 49
L-8301 Capellen
rh@ligue-hmc.lu

Candidature

Pour connaître et exercer vos droits, notamment pour le retrait de votre consentement à l'utilisation des données collectées par ce formulaire, veuillez consulter notre politique de protection des données.

* Ces champs sont obligatoires.