ee Responsabel (Educateur gradué oder diplômé) (m/w) (Réf.: BH 10/2020) CDI - 40H

ee Responsabel (Educateur gradué oder diplômé) (m/w) CDI - 40H

Ligue HMC a.s.b.l.

Mir begleeden an ënnerstëtze Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung an de Beräicher Formatioun, Aarbecht, Dagesbetreiung, Wunnen a Fräizäit.

Mir siche fir eis Wunngemeinschaft “Baastenduerfer Haus”

e Responsabel (Educateur Gradué oder Diplômé) (m/w) (Réf.: BH 10/2020)

CDI 40-Stonne-Woch

Är Missioun:

  • Leedung vun engem Team vu 6-8 Mataarbechter.
  • Organisatioun vum Service.
  • Planung vun der pädagogescher Aarbecht, Emsetzen vun den Ziler vum Haus a vun der Ligue HMC.
  • Matschaffen an der Equipe.

Äre Profil:

  • Erfahrung hunn a motivéiert sinn, en Team ze leeden.
  • Gäere mat Mënsche schaffen, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn.
  • Gutt mënschlech Kompetenzen hunn, Equipegeescht hunn, autonom schaffen a Verantwortung iwwerhuele kënnen.
  • Flexibel sinn an de Courage hunn, sech och mol op schwiereg Situatiounen anzelossen
  • Lëtzebuergesch, däitsch a franséisch schwätzen a schreiwe kënnen.
  • Gutt redaktionnell an administrativ Kompetenzen hunn
  • Informatesch Kenntnisser an e Führerschäin Klass B hunn.

Informatesch Kenntnisser an e Führerschäin Klass B hunn.
Fir weider Informatiounen, mellt Iech um 621 262 273
Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach. Am Fall vun enger Ustellung gëtt en Casier Judiciaire Bulletin N°4 gefrot.
D’Kandidaturen (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne bis spéitstens den 15.11.2020 geschéckt ginn un:

Ligue HMC a.s.b.l.
Direction
B.P. 49
L-8301 Capellen
rh@ligue-hmc.lu

Candidature

Pour connaître et exercer vos droits, notamment pour le retrait de votre consentement à l'utilisation des données collectées par ce formulaire, veuillez consulter notre politique de protection des données.

* Ces champs sont obligatoires.