ee Mataarbechter - Service Technique à Capellen (w/m) (Réf. : ST 10/2020)

ee Mataarbechter - Service Technique à Capellen (w/m) (Réf. : ST 10/2020)

Ligue HMC coopérative s.c.

Mir begleeden an ënnerstëtze Mënsche mat enger intellektueller Behënnerung an de Beräicher Formatioun, Aarbecht, Dagesbetreiung, Wunnen a Fräizäit.

Mir siche fir an eisem Service Technique zu Capellen

ee Mataarbechter (w/m)

(Réf. : ST 10/2020)

CDI 40-Stonne-Woch, CCT-SAS
Schaffzäite vu Méindes bis Freides, normal Büroszäiten

Är Aufgaben

  • Dir sidd zoustänneg fir den Ënnerhalt vun de verschiddene Gebaier vun der Ligue HMC (ateliers protégés, Wunngemeinschaften, Day Center,…) op veschidde Siten
  • Dir sidd a Kontakt mat den Handwierksbetriber an de Fournisseuren
  • Dir assuréiert de Suivi vum Entretien an de Maintenancë vun de Gebailechkeeten, den techneschen, elektreschen, sanitären Installatiounen an den Alentouren,
  • Interpretatioun a Liese vun technesche Pläng
  • Administrativ Gestioun vun den techneschen Interventiounen
  • Verschidden deeglech Handwierksaarbechten, Renovatiounen oder kléng Reparaturen
  • Berodung mat der Direktioun
  • Dir bedeelegt Iech un der Organisatioun a Virbereedung vu verschiddenen Aktivitéiten am Haus (Saisonal Dekoratioun, Fester a Manifestatiounen…
  • Virschloen a Matschaffen un neien technesche Projeten
  • Äre Profil 
  • Dir hutt en Führerschäin Kategorie B
  • Ee CATP / DAP an engem Handwierksberuff
  • Bereet si Permanence ze maachen
  • Beruffserfarung am soziale Secteur, eng zertifiéiert Weiderbildung als Sécherheetsbeoptraagten, an de Stapler-Führerschäin si vu Virdeel
  • Gutt Kenntnisser a Fäegkeeten an diversen techneschen an handwierkleche Beräicher (Elektresch, Sanitär, Heizung, …)
  • Déi 3 Landessprooche beherrschen (L/D/F), woubäi Lëtzebuergesch eng Viraussetzung ass
  • Gutt Computerkenntnisser (MS-Office)
  • Zouverlässegkeet, Diskretioun, Flexibilitéit, Disponibilitéit, Dynamismus, Exaktheet, Organisatiounskompetenz
  • Kommunikativ Fäegkeeten an Teamgeescht
  • Dir schafft gär am noe Kontakt zu Bewunner a Mataarbechter aus de veschiddenste Beruffsgruppen, an Dir sidd bereet Iech fir d’Mënschen ze engagéieren

Fir weider Informatiounen, mellt Iech wärend de Büroszäiten (09.00-16.30 Auer) um 621 451 488.
Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach. Am Fall vun enger Ustellung gëtt en Casier Judiciaire Bulletin N°4 gefrot.
D’Kandidaturen (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne bis spéitstens den 30. Oktober 2020 geschéckt ginn un

Ligue HMC coopérative s.c.
Direktioun
B.P. 49
L-8301 Capellen
info@ligue-hmc.lu

Candidature

Pour connaître et exercer vos droits, notamment pour le retrait de votre consentement à l'utilisation des données collectées par ce formulaire, veuillez consulter notre politique de protection des données.

* Ces champs sont obligatoires.